Autorenfreundlich Bücher kaufen?!
Beschreibung
D'Connie hätt villäicht besser op d'Mia oppasse sollen, da wär et net vun der Klunsch gefall. Mee hatt war ofgelenkt. Dem Mia senge Witzercher hunn hatt a seng eege Kandheet zréckgeworf an eng schlecht Ërennerung nees un d'Uewerfläch gelooss. Eng, déi sech gutt an engem däischteren Eck verstoppt hat an déi et sech laang net erkläre konnt. - Huet et sech dowéinst aus Roserei seng Hoer geschnidden? Fir där Erënnerung an dem Ouninumm fir ëmmer lasszeginn? Zesumme mat senger Therapeutin an e puer Petzie geléngt et him elo no an no, déi schlëmm Erfarungen opzeschaffen.
An dësem Roman geet de Jhemp Hoscheit mat Geschéck e schwéiert Theema un. Hie beschreift net nëmme Scholdgefiller, Frëndschafts- a Familljerelatiounen, hien erënnert virun allem och un d'Relevanz, iwwer mental Gesondheet vu Kanner ze schwätzen.
Roman
Details
| Verlag | Éditions Guy Binsfeld |
| Ersterscheinung | 14. November 2024 |
| Maße | 13.5 cm x 21 cm |
| Gewicht | 278 Gramm |
| Format | Softcover |
| ISBN-13 | 9782919822126 |
| Auflage | 1.Auflage |
| Seiten | 193 |