{"product_id":"dtragedie-vum-kinnek-wenzel-von-massimo-sartini","title":"D'Tragedie vum Kinnék Wenzel","description":"‘t huet d’Liewen zwëschen Stëbs an Sënn ze wielen:\nWann Stëbs, dann stëmmt et, dass wat steet verdaamt,\nWann Sënn, ass Sënn wat ass soubal mir sinn.\nAss schlofen net méi liicht wéi d’Liicht z’ erwächen?\nAh, schlofen, stoen wéi den Papp, net so’n\n\"Ech sinn\", ass séisst Vergiessen batter g’néissen.\nD’Léift schlofen loossen, blann duerch d’Schlass schéin schleefen,\nNet denken, dass den Doud däin Bild bedeit,\nMee dass du onbefreit däin Freier muer\nBesichen kënns an Stonnen schenks en puer,\nAn iwwermuer d’Verlaangen net ze stur.\nFirwat soll ech mech Kroun an Kierper ginn?\nEch weess du kënns erëm mat neiem Kleed.\nWann d’Leit och gleewen, wou erkennen si,\nDass Gott net d’Geld, mee d’Gold dat d’Welt begléckt;\nKeen muer, keen Honger, einfach alles sinn,\nKeen Krich, keng Kierch, mee ouni kréien ginn,\nKeen Haass, keng Mauer, wann och Saachen sinn,\nMee go’n an so’n \"jo, ech hunn dech gesinn.\"\nDu Onsichtbart, du Wäisst an Äis gekleet,\nDäin Fleesch soll bleech net bleiwen zënter d’Léift\nDen fräien Floss duerch d’Biewen rëmerkannt.\u003cdiv class=\"aw-variant-hidden-subtitle-div\" id=\"aw-variant-subtitle-9783837016208\"\u003e\u003ch3\u003e\u003c\/h3\u003e\u003c\/div\u003e","brand":"Libri","offers":[{"title":"Hardcover - 9783837016208","offer_id":51106952390,"sku":"9783837016208","price":27.0,"currency_code":"EUR","in_stock":true}],"thumbnail_url":"\/\/cdn.shopify.com\/s\/files\/1\/0940\/0622\/files\/5c194e43-e5d6-4d32-a2c9-0a3e8d193716.jpg?v=1765868309","url":"https:\/\/shop.autorenwelt.de\/products\/dtragedie-vum-kinnek-wenzel-von-massimo-sartini","provider":"Autorenwelt Shop","version":"1.0","type":"link"}