{"product_id":"wei-de-mensch-ass-von-mars-klein","title":"Wéi de Mënsch ass","description":"\u003cp\u003eBei den Editions Schortgen koum 2017 d'Buch Wat d'Hémecht war eraus mat kommentéierte Lëtzebuerger Gedichter von 1800 bis haut. Hei en zweete Band mat Gedichter nëmmen aus dem 20. Joerhonnert: Texter vum Auguste Liesch, Putty Stein, Pir Kremer, Roger Manderscheid, Guy Rewenig, Josy Braun, Serge Tonnar a munnech aneren, déi de Mënsch weisen als Natur-Begeeschterten, Jazz-Freak, Teater-Mécher, Plogeescht am Tram, Miniärs-Aarbechter, Schlappen-Tourist, Doper am Sport, groussen Téinert, jonke Klasse-Clown. An diversen Situatiounen also vun eiser schéiner, verwuerelter Existenz als Homo sapiens. All Gedicht ass a séngem zäitbedéngten sozialen a kulturelle Kontext kommentéiert\u003cbr\u003eAm zweeten Deel geet et op d'Rees. Op e klasseschen Hexebierg, de Brocken am Haarz, bei zwee bombastesch däitsch National-Monumenter an op de Kyffhäuser an Thüringen, wou zënter Joerhonnerten de Keeser Barbarossa schlofe soll. Et sinn spannend Reportagen aus der Radio-Zéri Ënnerwee op eng historesch Plaz.\u003cbr\u003eNo ville kulturellen a kulturpoliteschen Artikelen fir d'Zeidungen Tageblatt a Lëtzebuerger Land huet de Mars Klein zënter 2011 eng ganz Rëtsch Émissione geschriwen fir den nationale Radio 100,7. Déi meescht vun den Texter am Buch - awer nët all - si liicht iwerschafften Aarbechten fir d'Antenn.\u003cbr\u003eEditions Schortgen huet mam éischte Buch Wat d'Hémecht war et 2017 derwert fonnt - a fënnt mam zweete Buch Wéi de Mënsch ass et elo derwert, datt 'dës litteraresch Wuer' nët an den audiophonen Archiver vergiëss gët - mee op Pabeier gedréckt enger méiglechst breeder Liëserschaaft fir nozebliëderen an nozedenken virläit.\u003cbr\u003eDatt och dës Kéier d'Buch illustréiert ka sinn mat Timberen aus der Geschicht vun der Lëtzebuerger Post, ass e Glécksfall. Nët nëmmen, well Post Philately e ganz koopératiwe Partner ass - Merci dem Här Emile Espen a sénger Ékipp, awer virun allem, well an hirem Katalog esou vill historesch a kulturell interessant Käppercher ze fanne sinn, déi bei d'Texter gutt passen. Et däerf een hoffen, datt d'Zesummenaarbecht vun Auteur \/ Éditionshaus mat der Post och eng Plus-Value ass fir de schéine Sammeler-Objet Timber.\u003cbr\u003eBlick ins Buch\u003cbr\u003e\u003cbr\u003e\u003c\/p\u003e\u003cdiv class=\"aw-variant-hidden-subtitle-div\" id=\"aw-variant-subtitle-9782919792306\"\u003e\u003ch3\u003eLëtzebuergesch Gedichter vum 20. Joerhonnert\u003c\/h3\u003e\u003c\/div\u003e","brand":"Autorenwelt Shop","offers":[{"title":"Softcover - 9782919792306","offer_id":46967999529285,"sku":"9782919792306","price":24.5,"currency_code":"EUR","in_stock":true}],"thumbnail_url":"\/\/cdn.shopify.com\/s\/files\/1\/0940\/0622\/files\/aa36760f-e198-47dc-80df-a32638179c23.jpg?v=1776918647","url":"https:\/\/shop.autorenwelt.de\/en\/products\/wei-de-mensch-ass-von-mars-klein","provider":"Autorenwelt Shop","version":"1.0","type":"link"}